FATHERS LOVE LETTER .COM
  • Home
  • About
    • About
    • Contact
    • Copyright
    • Donate
    • FAQ
    • Our Vision
    • Our Websites
    • Privacy Policy
    • Terms of use
    • The Story
    • What We Believe
  • Media Formats
    • Media Center
    • HD Video
    • 25th Anniversary Video
    • Vertical Video
    • Video History
    • Stores
    • Text
    • Audio
    • Kids FLL
  • Languages
  • God and You
  • FLL Book
    • Devotional Index
    • Free Audiobook
    • Free eBook

Luxembourgish
Father's Love Letter

The Luxembourgish Father's Love Letter is currently available
in the following formats...
1. An instrumental video version
2. A downloadable PDF version
3. An online text version

Please feel free to copy this text and design your own version
of the Luxembourgish Father's Love Letter.

Luxembourgish Father's Love Letter Instrumental Video

Video Courtesy of Berge Boyadjian

Luxembourgish Father's Love Letter PDF

Picture
download luxembourgish father's love letter

Louxembourgish Father's Love Letter Text

Liebesbréif vum Papp
E ganz perséinleche Message vum Härgott un Dëch


Mäi Kand,
Villäicht kenns du mech net, mä ech weess alles vun dir. Ech weess, wéini s du dech sëtz a wéini s du opstéiss. Ech weess iwwert all deng Weeër gutt Bescheed. Ech kennen esouguer d’Zuel vun dengen Hoer um Kapp. Du bass no mengem Bild geschaf ginn. An mir liefs du a beweegs du dech an hues deng Existenz. Du staams vu mir of. Ech hunn dech kannt, éier s du empfaange goufs. Ech hunn dech ausgewielt wéi ech d’Kreatioun geplangt hunn. Du waars kee Feeler, well all deng Deeg sinn a mengem Buch geschriwwen. Ech hunn de geneeën Zäitpunkt vun denger Gebuert festgeluecht an och, wou s du géings liewen. Du bass erstaunlech a wonnerbar gemaach. Ech hunn dech am Bauch vun denger Mamm zesummegewieft an den Dag vun denger Gebuert hunn ech dech aus hirem Läif gezunn.
Leit déi mech net kennen hunn mech falsch duergestallt. Ech sinn net wäit ewech vun dir oder béis op dech, mä am Contraire, ech sinn d’komplett Expressioun vun der Léift a Persoun. Et ass mäi gréisste Wonsch, dir all meng Léift ze schenken, an dat, well s du mäi Kand bass an ech däi Papp sinn. Ech kann dir méi schenken ewéi däi weltleche Papp et jeemools kéint maachen. Ech sinn den absolut perfekte Papp. All déi gutt Saachen déi s du kriss, komme vu mir. Ech kennen all deng Bedierfnesser an ech suerge fir dech. Ech hu grouss Pläng fir deng Zukunft, do läit vill Hoffnung dran. Ech hunn dech nämlech immens gär, mat enger Léift, déi nimools ophéiert. Ech hunn esouvill wäertvoll Iddie fir dech, méi ewéi de Sand op enger Plage. Ech sinn esou frou mat dir, dat ech nëmme jubiléiere kann. Nimools wäert ech ophalen, Guddes fir dech ze doen. Du bass mäi ganz wäertvollt Eegentum. Vum ganzen Häerz a vu ganzer Séil wëll ech dir e Liewe mat stabille Wuerzele ginn. Ech wëll dir immens grouss an onbegräiflech Saache weisen. Wann s du mech vu ganzem Häerz sichs, kanns du mech fannen. Free dech un mir an ech ginn dir no wat däin Häerz verlaangert. Well ech selwer hunn dëst Verlaangeren an dech geluecht. Ech kann nämlech onendlech vill méi fir dech maache wéi’s du dir virstelle kanns. Ech sinn deejéinegen, deen dech am beschten tréischten an encouragéiere kann. An ech sinn de Papp vum Erbaarmen, den all Trouscht fir dech huet de s du jeemools brauchs. Ass däin Häerz gebrach, sinn ech ganz no bäi dir. Esou wéi en Hiert säi Schof dréit, esou droen ech dech no bäi mengem Häerz. Et kënnt den Dag, wou ech all Tréine vun den Aen ofwëschen an all Péng vun dëser Welt eriwwer ass. Ech sinn däi Papp an ech hunn dech geneesou esou gär wéi mäin eegene Fils, de Jesus. An him ass meng Léift fir dech kloer gewise ginn. Hien ass déi exakt Representatioun vu mengem Wiesen. Hien ass komm fir ze weisen, dass ech fir dech sinn an net géint dech a fir dir ze soen, dass ech dir deng Sënnen net urechnen. De Jesus ass gestuerwen, fir dass du an ech sech kënne matenee versöhnen. Säin Doud ass déi gréissten Expressioun vu menger Léift fir dech. Ech hunn all dat, wou ech mat frou war, opginn, fir deng Léift ze gewannen. Wann s du de Kaddo unhëls, de mäi Fils, de Jesus dir ubitt, empfänks du mech. An näischt kann dech jeemools erëm vu menger Léift trennen. Komm heem an et gëtt eng riseg Party am Himmel! Ech war scho s ëmmer de Papp an ech wäert och ëmmer de Papp sinn.
Meng Fro ass: Wëlls du mäi Kand sinn? Ech waarden op dech.
Mat engem ganz léiwe Bonjour,
däi Papp, den allmächtege Gott,


Mat engem léiwen Bonjour, däi Papp,
den allmächtege Gott, Abba


1- Psalmen 139,1-3;  2 - Mattes 10,29-31; 3 - Genesis 1,27; 4 - Apostelgeschicht 17,28; 5 -  Jeremias 1,4-5; 6 - Epheser 1,11-12; 7 - Psalmen 139,15-16; 8 - Apostelgeschicht 17,26; 9 - Psalmen 139,14; 10 - Psalmen 139,13; 11 -  Psalmen 71,6; 12 - Jang 8,41-44;  13 - 1.Jang 4,16; 14 - 1.Jang 3,1; 15 -  Mattes 7,11; 16 - Mattes 5,48; 17 - Jacques 1,17; 18 - Mattes 6,31-33; 19 - Jeremias 29,11; 20 - Jeremias 31,3; 21 - Psalmen 139,17-18; 22 - Zefania 3,17; 23 - Jeremias 32,40; 24 - Exodus 19,5; 25 -  Jeremias 32,41; 26 - Jeremias 33,3; 27 - Deuteronomium 4,29; 28 - Psalmen 37,4; 29 - Philipper 2,13; 30 - Epheser 3,20; 31 - 2.Thessaloniker 2,16-17; 32 - 2.Korinther 1,3-4; 33 - Psalmen 34,19; 34 - Jesaja 40,11; 35 - Offenbarung 21,4; 36 - Jang 17,23; 37 - Jang 17,26; 38 - Hebräer 1,3; 39 - Réimer 8,31; 40 - 2.Korinther 5,19; 41 - 2.Korinther 5,18; 42 - 1.Jang 4,10; 43 - Réimer 8,31-32; 44 - 1.Jang 2,23; 45 - Réimer 8,38-39; 46 - Luc 15,7; 47 - Epheser 3,14-15; 48 - Jang 1,12-13; 49 - Luc 15,11-32
ACKNOWLEDGEMENTS / PERMISSION:
Special thanks to Lorenz Rudkin for translating the Father's Love Letter into Luxembourgish.
Please feel free to copy and share all of the resources on this page as long as you do so free of charge.

About Us

About
The Story
Copyright

Get Involved

FAQ
Terms of Use
Our Websites

Connect

Contact
Privacy Policy
Donate
© COPYRIGHT 2025. ALL RIGHTS RESERVED.
  • Home
  • About
    • About
    • Contact
    • Copyright
    • Donate
    • FAQ
    • Our Vision
    • Our Websites
    • Privacy Policy
    • Terms of use
    • The Story
    • What We Believe
  • Media Formats
    • Media Center
    • HD Video
    • 25th Anniversary Video
    • Vertical Video
    • Video History
    • Stores
    • Text
    • Audio
    • Kids FLL
  • Languages
  • God and You
  • FLL Book
    • Devotional Index
    • Free Audiobook
    • Free eBook